Vun der Police erwëschtDräi alkoholiséiert Chauffere mussen hire Permis ofginn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg huet d'Police dräi alkoholiséiert Persounen hannert dem Steierrad erwëscht.
© Police (Archive)

Der Police war an der Nuecht op e Freideg kuerz no 1 Auer een Auto zu Hollerech opgefall. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt déi technesch Kontroll ofgelaf war. Och eng Alkoholkontroll beim Chauffer war positiv an de Führerschäin nach op der Plaz fort.

Wéi et weider am Police Bulletin heescht, ass och zu Gëtzen an der Rue Principale een alkoholiséierte Chauffer erwëscht ginn. E Freideg am fréie Moie war enger Patrull d’Gefier an enger Wiss opgefall. De Chauffer war hannert dem Steierrad ageschlof. No e puer Versuch ass et der Police gelongen, fir de Mann ze erwächen. Dësen huet desorientéiert gewierkt. Donieft hunn d’Beamte festgestallt, datt de Mann ee Bam mat ewechgeholl hat. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

An da war e Freideg de Moie fréi nach een Automobilist op der A7 op der Héicht vum Stafelter Tunnel am Zickzack ënnerwee. Hie konnt gestoppt a kontrolléiert ginn. Och an dësem Fall war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi fort.

Back to Top
CIM LOGO