
Eng éischt Kollisioun gouf et géint 19.14 Auer op der A13 a Richtung Schengen op der Héicht vum Tunnel Fréiseng. Hei hat et tëscht dräi Autoe geknuppt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Um Asaz waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng, Uespelt, Fréiseng a Beetebuerg.
De Samu war iwwerdeem kuerz no 21.30 Auer op den CR102 tëscht Miersch a Schëndels geruff ginn, nodeems hei dräi Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe verwonnt goufen. Nieft dem Noutdokter waren d’Ambulanciere vu Miersch an d’Pompjeeë vu Lëntgen an der Nordstad op der Plaz.
Iwwerdeems mellt de CGDIS en Accident, zu deem et géint 11.40 Auer e Freideg de Moie komm ass. Eng Persoun gouf blesséiert, ewéi op der RN23 bei Roumecht en Auto accidentéiert ass. Hei waren d’Pompjeeë vu Rammerech a Réiden an d’Ambulanz vu Wolz am Asaz.