
Géint 18.55 Auer waren zu Schëffleng an der Rue du Moulin zwee Autoen aneneegerannt. Hei waren d’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Schëffleng am Asaz.
Um 22.30 Auer hat dann am Rond-point Gluck en Auto e Moto ze pake kritt. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.
Eng zéng Minutte méi spéit sinn dann op der RN05 tëscht Dippech a Bartreng zwee Autoe matenee kollidéiert. Hei waren d’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vun Dippech am Asaz.