Um DënschdegowendDräi Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren en Dënschdeg den Owend bei zwee Accidenter am Süde vum Land am Asaz.

Géint 17.50 Auer gouf zu Esch an der Uelzechtstrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D’Ambulanz vun Esch war op der Plaz.

Kuerz no 18 Auer hate sech op der RN31 tëscht Léiweng a Beetebuerg zwee Autoen ze pake kritt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Hei war d’Ambulanz vu Beetebuerg am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO