
Eng Kéier war dat um kuerz virun 20.30 Auer an der Rue du Stade zu Péiteng de Fall. Hei gouf eng Persoun blesséiert, nodeems sech zwee Autoen ze pake kruten. D’Pompjeeë vu Péiteng an d’Ambulanz vun Esch waren hei op der Plaz.
Eng weider Persoun gouf da blesséiert, ewéi géint 21.40 Auer en Auto um Zéissenger Kräiz op der A6 accidentéiert ass. Hei waren d’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.
E Méindeg de Moien um kuerz no 11 Auer krute sech am Rond-point Iergäertchen 2 Autoen ze paken. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.