
Kuerz virun 12 Auer ass op der A6 an Direktioun Arel en Auto an d’Leitplank gerannt. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Mamer a Koplescht hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech géint 16.05 Auer op der A13 a Richtung Schengen zwee Autoen ze pake kruten. Hei waren eng Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg op der Plaz.
Nëmmen e puer Minutten drop waren dann an der Avenue John F. Kennedy zu Ettelbréck en Auto an en Autobus aneneegerannt. D’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Nordstad hu sech hei em ee Blesséierte gekëmmert.