An der Stad an op der A7Dräi Blesséierter bei dräi Accidenter um Dënschdeg de Moien

Andy Brücker
Dobäi koum nach e Pompjeesasaz wéinst enger Dampentwécklung an engem Gebai an der Rue Robert Stümper an der Stad.
© Laurent Weber

En Dënschdeg de Moien sinn um Boulevard Dr. Charles Marx an der Stad en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Den Accident war géint 8:10 Auer. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 9:20 Auer sinn op der A7 tëscht Luerenzweiler an dem Tunnel Grouft an Auto an e Camion anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 10:35 Auer huet an der Rue des Aubepines an der Stad gerabbelt. Zwee Autoe waren an den Accident verwéckelt an eng Persoun gouf verwonnt.

E Pompjeesasaz gouf et iwwerdeem kuerz no 5 Auer an der Rue Robert Stümper an der Stad. Eng Dampentwécklung an engem Gebai war hei den Ausléiser. Weider Detailer sinn net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO