
D'Lëtzebuerger Startup Horizon Farms huet d'Greiweldenger Entreprise Fësch Haff iwwerholl. Gläichzäiteg huet d'Firma eegenen Aussoen no e siwestellegt Startkapital vu virun allem lëtzebuergeschen Investisseure gesammelt, mat deem d'Innovatioun an der Landwirtschaft soll viru gedriwwe ginn.
Fësch Haff gouf 2021 gegrënnt a spezialiséiert sech op Aquaponik an Hydroponik. Dobäi ginn d'Fëschzuucht an de Planzenubau ouni Buedem an engem zouene Kreeslaf kombinéiert. Der Entreprise no soll dat de Waasserverbrauch reduzéieren an eng Produktioun ouni Pestiziden erlaben.
Mat de gesammelte Sue wëll Horizon Farms eegenen Aussoen no ënnert anerem d'Capacitéite vu Fësch Haff ausbauen an och déi éischten "agritechnologesch Zär am kommerziellem Moossstaf zu Lëtzebuerg" finanzéieren.
D'Entreprise gesäit doran e Bäitrag, fir d'Liewensmëttelversuergung zu Lëtzebuerg ze stäerken. Am Communiqué heescht et, datt de Grand-Duché de Moment ronn 95 Prozent vu sengem Uebst a Geméis importéiert.
Am Kader vun där Entwécklung war den EU-Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel Christophe Hansen den 22. Juni op Besuch an der Pilotanlag vu Fësch Haff zu Greiweldeng. Begleet gouf hien ënnert anerem vun der Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg Anne Calteux.
De Christophe Hansen huet bei der Visitt d'Innovatioun vun der Entreprise ervirgehuewen. Aquaponik géif weisen, datt eng méi nohalteg Liewensmëttelproduktioun mat manner Waasser an ouni Pestiziden net nëmmen eng "Visioun fir d'Zukunft" wier, mee schonn haut zu Lëtzebuerg ëmgesat géif ginn. Esou Innovatioune kéinten duerfir dozou bäidroen, d'Liewensmëttelsystemer méi nohalteg ze gestalten an nei Perspektive fir d'Landwirtschaft ze schafen.