Um BelvalJugendleche gouf vu 5 anere Jugendlechen iwwerfall, E-Trottinett gouf geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf en Iwwerfall an der Avenue du Blues um Belval gemellt.

Éischten Informatiounen no gouf ee Jugendleche vu 5 anere Jugendlechen ugegraff an e krut seng E-Trottinett geklaut. Beim Iwwerfall gouf souwuel d'Trottinett, wéi och den Handy vum Affer beschiedegt. Mat der E-Trottinett hunn d'Täter sech iwwerdeems duerch d'Bascht gemaach. Beim Iwwerfall gouf kee blesséiert.

Abréch a Gefierer

D'Police mellt dann, dass um Méindeg nees an eng Partie Autoen, respektiv Camionnetten agebrach gouf, sou zum Beispill zu Schëffleng an der Rue Denis Netgen. Hei goufen eng Elektroapparater aus engem Liwwerwon geklaut.

Op der Stater Gare goufe Wäertgéigestänn aus engem Auto an der Antwerpener Strooss geklaut.

Back to Top
CIM LOGO