CGDIS melltDräi Blesséierter bei Kollisioun tëscht zwee Autoen op der A7

RTL Lëtzebuerg
Zu Uewerkuer huet donieft een Auto e Kand ze pake kritt.
© CGDIS

Op der A7 tëscht dem Waldhaff an dem Gréngewald ass et e Méindeg de Mëtteg géint 14.55 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. Dobäi goufen dräi Persoune blesséiert. Dräi Ambulanzen an ee Pompjeeswon waren op der Plaz vum Accident am Asaz.

Géint 16.20 Auer waren an der Rue J. Gallion zu Uewerkuer dann nach d’Pompjeeën an eng Ambulanz vun Déifferdeng op d’Plaz geruff ginn, nodeems ee Kand vun engem Auto ugestouss ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO