CGDISDräi Blesséierter bei zwee Accidenter um Freideg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zu Schëndels ass ee Chauffer um 15.21 Auer mat sengem Gefier an ee Bam gerannt. Dës Persoun gouf derbäi blesséiert.

Zwee Verwonnter gouf et dann um 16.42 Auer zu Rued, wou ee Gefier am Gruef gelant ass.

Zu Déifferdeng war et um 14.33 Auer een Asaz wéinst Dampentwécklung an um 14.44 Auer zu Dikrech gouf och Damp gemellt an zwar engem Keller. A béide Fäll gouf et keng Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO