CGDISDräi Blesséierter no Accident op der Gréivelsbarrière, Helikopterasaz zu Habscht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndegowend waren d'Rettungsekippe vum CGDIS op en Accident op der Gréivelsbarrière geruff ginn. Zu Habscht war e Méindegmoien d'Air-Rescue am Asaz.

Hei war kuerz virun 20 Auer en Auto an e Bam gerannt, wouduerch insgesamt dräi Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren d’Ekippe vu Mamer, Bartreng an aus der Stad.

E Méindegmoie géint 9.38 Auer war et nach en Accident an der Rue de Steinfort zu Habscht. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn, nodeems en Auto géint e Motorrad gerannt ass. Nieft de Rettungsekippe vun Habscht a Réiden war och en Helikopter vun der Air-Rescue am Asaz.

Eng Stonn méi spéit sinn an der Huewelerstrooss zu Biekerech zwee Autoen aneneegerannt, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO