
Zu Dikrech war et eng Kollisioun tëschent dräi Gefierer, bei där eng Persoun blesséiert gouf. D’Rettungsekippe aus der Nordstad waren op der Plaz.
Op der N8 tëschent Recken a Miersch waren zwee Autoen aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Secouriste vu Lëntgen an aus der Fiels, wéi och d’Pompjeeë vu Miersch waren hei am Asaz.
E Mëttwochmoie géint 10.29 Auer koum et dann zu engem Accident op der Bréisseler Plaz an der Uewerstad. E Cyclist gouf hei vun engem Camion ugestouss an ass blesséiert ginn. Hie gouf vun de Stater Rettungsekippe versuergt.