
Um 18.20 Auer ass zu Fréiseng um Schumanswee en Auto accidentéiert. Hei waren d’Pompjeeë vun Uespelt a Fréiseng an d’Ambulanz vu Beetebuerg am Asaz.
Nëmme véier Minutte méi spéit koum dann zu Bartreng an der Areler Strooss Damp aus engem Auto. D’Pompjeeë vu Bartreng a Mamer goufen op d’Plaz geruff.
Géint 21.15 Auer ass dann en Auto um CR103 tëscht Dippech an Holzem accidentéiert. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vun Dippech a Koler waren op der Plaz.
Iwwerdeems huet d’Police tëscht 16.20 a 17.50 Auer en Dënschdegowend an der Rue Alexis Heck zu Dikrech kontrolléiert. Hei krute 25 Chaufferen e Protokoll vun 250 Euro a véier Punkten ofgeholl, well si den Handy hannert dem Steier benotzt hunn. Ausserdeem ware véier Chauffere respektiv Bäifuerer net ugestréckt. Schliisslech huet ee Chauffer säi Gefier missen op der Plaz stoe loossen. Dat well un dësem Ännerunge gemaach goufen, déi net konform mam Code de la route sinn.