CGDIS-BulletinDräi Blesséierter um Mëttwochmoien, zwee am Laf vum Dag

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt, datt d'Rettungsdéngschter bannent knapp dräi Stonnen op dräi Accidenter geruff goufen, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
© RTL Archiv

Géint 7.43 Auer waren deemno d’Pompjeeë vu Stengefort an d’Ambulanciere vu Mamer op Gëtzen an d’Haaptstrooss geruff ginn, nodeems hei zwee Autoen anenee gerannt waren. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert.

E weidere Blesséierte gouf et iwwerdeem bei enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoe géint 8 Auer an der Route de Diekirch zu Iechternach. D’Rettungsekippe vun Iechternach waren am Asaz.

An och zu Waasserbëlleg an der Grand-Rue ware géint 10.30 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter vu Fluessweiler, Mäertert a Jonglënster versuergt.

An der Rue Gadderscheier zu Suessem hate sech zwee Ween ze pake kritt, genau wéi och zu Jonglënster an der Rue Hiel. Déi Lokal Rettungsekippen haten al Kéiers ee Blesséierten ze versuergen.

Back to Top
CIM LOGO