
RTL Informatiounen no hu sech folgend Kandidate gemellt:
Dëst ass d’CSV-Politikerin Claudine Konsbrück, déi aktuell am Justizministère schafft, war 2018 kuerz Deputéiert a war wärend 12 Joer am Stater Gemengerot. Aktuell ass se ënner anerem Member am Verwaltungsrot vun der Asbl HUT.
Da stellt d’aktuell Direktesch vun der Nationaler Dateschutz-Kommissioun Tine Larsen hir Kandidatur fir Ombudsman ze ginn. Si war virun hirer Charge bei der CNPD ënner anerem fir den Etat-Major vun der Arméi an d’Verwaltung vun de Rettungsdéngschter aktiv.
Eng drëtt Kandidatur ass déi vum Jan Kayser, deen aktuell Direkter vum Centre de Médiation Civile et Commerciale ass an deen ënner anerem President vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Mediateuren war.
D’Kandidature kommen am Mäerz an de Chamberplenum, wou dann den neien Ombudsman mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit gewielt gëtt.
De Successeur vum Claudia Monti ass eréischt deen drëtten Ombudsman nom Marc Fischbach an der Lydie Err, zanter datt dëse Posten 2004 geschaaft gouf.
D’Mandat dauert aacht Joer an ass net ze verlängeren.
*D’Claudia Monti huet beim Iwwerhuele vum Poste gefrot, si als “Ombudsman” ze titeléieren. Esou steet et och op hirem Internetsite.