Am Garer QuartierDräi Männer hunn eng Persoun iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Dobäi sinn d'Täter gewalttäteg virgaangen, wéi et vun der Police heescht.

An der Rue du Fort Neipperg koum et e Sonndeg am Nomëtteg zu engem Iwwerfall. Dräi Männer haten hiert Affer ugerempelt an dono iwwerfall. Si hunn him eng Goldketten an d’Schlëssele vun engem Auto ofgeholl. D’Police huet direkt no den Täter gesicht, konnt si awer net fannen. Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO