
Wärend enger Kontroll hu sech dräi Männer onkooperativ géintiwwer de Beamte verhalen an ee vun de Männer huet e Messer op de Buedem fale gelooss. En zweete Mann huet e Polizist kierperlech attackéiert an huet missen immobiliséiert ginn.
Am selwechten Ament huet déi drëtt Persoun en anere Beamten ugegraff. Déi dräi Männer konnte schlussendlech iwwerwältegt a op der Policebüro bruecht ginn, wou si op Uerder vum Parquet protokolléiert goufen. Dräi Beamte koume fir eng Kontroll an d’Spidol.