
D'Beamten hate gesinn, wéi e Mann an der Avenue de la Gare bei zwee Dealere Kokain kaf huet. Déi zwee Dealer goufen an der Suite festgeholl. Et goufe 46 Heroin- a Kokain-Kugele fonnt. Méi spéit gouf an der Rue de Strasbourg eng weider Persoun festgeholl, dës hat 64 Heroin- a Kokain-Kugele bei sech.
Op Uerder vum Parquet goufen déi 3 Persoune festgeholl a koumen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.