Nuechte bleiwe waarmHëtztwarnung bis en Dënschdeg den Owend verlängert

RTL Lëtzebuerg
MeteoLux huet d'Alerte jaune, déi zanter en Donneschdeg fir dat ganzt Land gëllt, bis en Dënschdeg den Owend kuerz viru Mëtternuecht verlängert.
Vill drénken ass wichteg bei esou héijen Temperaturen
Vill drénken ass wichteg bei esou héijen Temperaturen
© RASID NECATI ASLIM/Anadolu via AFP

Zanter en Donneschdeg gëtt et wéinst den aktuell hëtzegen Temperaturen eng Alerte jaune fir de Süde vum Land. MeteoLux huet dës e Méindeg op dat ganzt Land a bis en Dënschdeg den Owend kuerz viru Mëtternuecht verlängert.

MeteoLux warnt weiderhi viru "moderatem thermesche Stress" a weist dorop hin, datt Middegkeet an Erschëpfung optriede kënnen, wann ee laang an der Sonn war oder sech vill beweegt huet.

De rezentste Wiederprevisiounen no bleift d'Wieder bis Ufank nächster Woch dréchen a sonneg, mat Temperaturen, déi e Méindeg tëscht 30 an 32 Grad leien.

D'Nuechte bleiwe relativ waarm, mat Déifsttemperaturen tëscht 21 a 25 Grad am ganze Land.

Back to Top
CIM LOGO