Taxichauffer ugegraffDräi Persounen zu Réiser no Kierperverletzung gestallt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et e Sonndeg de Moien zu Réiser zu engem Virfall.
© RTL Archivbild

D’Police krut dräi Persoune signaléiert, déi en Taxichauffer kierperlech ugegraff hätten an dono geflücht wieren.

Wéi sech erausgestallt huet, hätten d’presuméiert Täter en Taxi geholl, konnten awer net bezuelen. Wéi de Chauffer wollt d’Police ruffen, gouf hien attackéiert a verwonnt. No den dräi Verdächtege gouf mat Succès gesicht a si koumen op de Policebüro. Bei der Fouille konnt e Klappmesser a ronn 22 Gramm Haschisch séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Messer an d’Droge saiséiert, wat och protokolléiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO