
D’Täter sinn an d’Wunneng agedrongen, hunn d’Awunner mat engem Messer menacéiert an hir Handye geklaut. Nodeem d’Police alarméiert gouf, hu si sech op d’Sich no de Verdächtege gemaach a konnte kuerz drop dräi Männer stellen, déi op d’Beschreiwung gepasst hunn. Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Verdächtegt protokolléiert.