Fuerderung vun déi LénkD'Recht op Ofdreiwung soll an d'Verfassung stoe kommen

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk hunn e Mëttwoch eng entspriechend Propositioun an der Chamber eragereecht.
Dës Foto gouf am Kader vun enger Demonstratioun zu Berlin gemaach.
Dës Foto gouf am Kader vun enger Demonstratioun zu Berlin gemaach.
© AFP (Archiv)

Genee wéi a Frankräich soll d’fräiwëllegt Ënnerbrieche vun der Schwangerschaft konstitutionell verankert ginn, sou den Deputéierte Marc Baum vun Déi Lénk.

Aktuell ass d’IVG hei am Land duerch e Gesetz encadréiert, dat virun 10 Joer gestëmmt gouf.

Fir déi Lénk stellt hir Proposition de Révision vun der Verfassung e symboleschen Akt duer, deen d’fundamentaalt Recht op Ofdreiwung op en Neits affirméiere géif.

Fir eng Verfassungsännerung ass eng Zweedrëttelmajoritéit an der Chamber néideg - den Text vun Déi Lénk, deen och d’Recht op Contraceptioun wëll an d’Verfassung schreiwen, geet lo “pour avis” bei de Staatsrot.

Back to Top
CIM LOGO