Neien DelaiD'Reform vum Walgesetz ass nach net fir haut a muer

RTL Lëtzebuerg
All puer Joer gëtt dee Sujet nees aktuell, wa Walen an d'Haus stinn, mee da genee sou séier vergiess.
© RTL Archivbild

Och lo schéngt et nees ze daueren. Wéi RTL bei de verschiddene Parteien nogefrot huet, huet nämlech nach keng eenzeg Partei Propositioune fir eng Reform vum Walgesetz eraginn.

Dat hat de Chamberpresident awer op den Delai fir den 1. November gefrot. Deen Delai gouf lo op den 1. Februar d’nächst Joer verlängert. Dëst gouf an der Chamber-Institutiounekommissioun e Méindeg matgedeelt.

Wéi et op Nofro vum President Laurent Zeimet heescht, géifen nieft de Propositioune vun de Parteien och d’Leit, déi an de Walbüroen aktiv sinn, an der Kommissioun empfaange ginn, fir d’Walgesetz duerno entspriechend ze moderniséieren an de Realitéiten um Terrain unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO