Äntwert op parlamentaresch FroD'Regierung plangt keng TVA-Baisse um Alkohol fir d'Horesca

RTL Lëtzebuerg
Dat äntweren de Finanzminister Pierre Gramegna an de Mëttelstandsminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierte Roy Reding.

E Mëttwoch hat de Generalsekretär vun der Horesca de François Koepp nach dës Fuerderung am Kader vun der Reouverture vun de Restauranten a Caféë gestallt. D'TVA um alkoholesche Gedrénks sollt nees fir de ganze Secteur, fir eng bestëmmten Zäit, vu 17 op 3% erofgoen. Genee wéi an eisen Nopeschlänner an dat mat der Viraussetzung, datt d'Restaurateuren, d'Cafetieren an d'Hotelieren hir Präisser bäibehale géifen.

Dat gouf deemno net vun der Regierung zeréckbehalen.

Däitschland reduzéiert d'TVA um Iessen awer net um Gedrénks

Bei eisen däitschen Noperen huet de Bundestag elo enger Baisse vun der TVA um Iessen zougestëmmt. Vum 1. Juli u soll d'TVA vun 19% op 7% erofgoen, dat limitéiert op 1 Joer. Esou soll et de Leit an der Gastronomie erméiglecht ginn, hir Perten nees e wéineg opzefänken. Op Gedrénks soll et keng Reduktioun vun der TVA ginn.

RTL-NEWS: Éischte Patt a Maufel op den Terrassen

PDF: Äntwert vu Pierre Gramegna a Lex Delles op parlamentaresch Fro vu Roy Reding

Back to Top
CIM LOGO