
Dee Präisdeckel war am Hierscht 2022 vun der viregter Regierung decidéiert ginn, well d’Energie-Präisser duerch de Plaffong gaange sinn, ënnert anerem virum Hannergrond vum Krich an der Ukrain an och der ekonomescher Reprise no der Covid-Kris. Deen Deckel gouf bis d’Enn vum Joer verlängert, gebonnen un d’Fro, wat no Enn 2024 geschitt. An der Tripartite hat een de Phasing-Out decidéiert. Dee soll sech iwwert dat ganzt Joer 2025 zéien. 2026 wier da Schluss, ausser d’Präisser vu Gas a Stroum géifen nach emol duerch de Plaffong goen.
Bei engem haarde Schlussstréch, schonn Enn vun dësem Joer, géif dem Statec no de Präis vum Stroum bis zu 60% an dee vum Gas ëm ëmmerhin 17% méi deier ginn. Dat géif d’Inflatioun wuel rapid ëm ee Prozentpunkt an d’Luucht dreiwen mat als Repercussioun, dass no der Indextranche Enn vun dësem Joer déi nächst keng 12 Méint méi op sech géif waarde loossen.
Dat wier ee rout Duch fir d’Patronat, well domadder d’Lounkäschten an och via d’Inflatioun d’Material méi deier géing ze stoe kommen zu Ongonschte vun der Kompetitivitéit.
Beim direkten Ewechfale vum Präisdeckel géifen och d’Gewerkschafte knouteren, well d’Stéit stënterlech u Kafkraaft géife verléieren.
D’Regierung fir hiren Deel huet keen Interêt drun, dass eng nei Index-Diskussioun lass getrëppelt gëtt. Net ze vergiessen de budgetären Impakt: D’lescht Joer huet de Gas-a Stroum-Präisdeckel de Staat 311 Milliounen Euro kascht. Fir dëst Joer solle viraussiichtlech eng weider knapp 300 Milliounen dobäi kommen.
Also gëtt elo an den zoustännege Ministèren fir Wirtschaft an Energie, Famill a Solidaritéit, Finanzen a Budget wéi och Ëmwelt um Phasing-Out geschafft.
D’Ministeren Delles, Hahn, Roth a Wilmes haten dës Woch Gespréicher mat de grousse Gewerkschaften. Déi kruten nach emol all d’Hëllefsmesuren erkläert, déi am Koalitiounsaccord am Beräich Energie an Ëmwelt stinn.
Méi Konkretes kruten d’Gewerkschaften net matgedeelt, ausser d’Confirmatioun vum Phasing-Out, dass um respektive Gesetzprojet geschafft gëtt an dass deen zäitno an de Regierungsrot kënnt. D’Regierung huet sech do also nach bedeckt gewisen. Beim Patronat huet se iwweregens net ugeklappt fir änlech Gespréicher.