Claude Wiseler confirméiertD'Riedenzäiten an der Chamber wäerte vu Mëtt Abrëll u méi kuerz ginn

Pierre Jans
Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler am RTL-Interview confirméiert.

Dat ass nieft de Chamberkommissiounen, déi am Livestream iwwerdroe solle ginn, déi zweet Ännerung am Chambersreglement, iwwer déi d’Deputéiert en Dënschdeg de Mëtteg ofstëmmen. De Chamberpresident erwaart sech do e ganz klore Vott dofir.

“Ech mengen, jiddereen huet gemierkt, dass dat laangt Schwätzen um Enn déi Kommunikatioun, déi och e Parlament muss maachen, fir dobaussen nogelauschtert ze kréien, bremst. Et ass besser méi kuerz a méi däitlech ze sinn. Wann een direkt op de Punkt kënnt, gëtt een och besser dobausse verstanen. Dat maache mir no der Vakanz vu Mëtt Abrëll un. Dann trëtt dat a Kraaft an dann hoffen ech, dass d’Debatten nach en anere Rhythmus kréien.”

De Basis-Modell vun de Riedenzäiten an der Plenière soll ëm d’Hallschent gekierzt ginn. Vu Mëtt Abrëll u sollen da jo och d’Chamberkommissiounen, déi bis ewell all am Huis clos waren, live um Site vun der Chamber diffuséiert ginn. Den Ufank maache fir eng Testphas fënnef Kommissiounen. Ënnert anerem déi fir Logement ass dobäi.

Dësen Interview mam Claude Wiseler gouf am Kader vu sengem Virtrag e Méindeg den Owend am Foyer européen opgeholl. Op Invitatioun vum Däitsche Veräin zu Lëtzebuerg an dem Büro vum Europäesche Parlament hat de Chamberpresident iwwer d’Roll vun den nationale Parlamenter an EU-Affäre geschwat.

Back to Top
CIM LOGO