Caritas-SpezialkommissiounDrock op d’Mataarbechter a widderspréchlech Aussoen iwwer d’Roll vu PWC

RTL Lëtzebuerg
PWC soll iwwert hir Roll beim Iwwergang vu Caritas op Hut gelunn hunn a bei Hut selwer stelle sech wéinst méigleche Sozialwale vill Froen.

PWC huet iwwert hir Roll beim Iwwergang vun der Caritas op Hut gelunn. Dat sot de Marc Baum vun déi Lénk um Méindeg, nodeems den zoustännegen OGBL-Sekretär an der Caritas-Spezialkommissioun war, dat awer ouni d’Personalvertrieder. Déi fäerten ze schwätzen, well si mat Hut eng Vertraulechtkeetsklausel ënnerschriwwen hunn.

D’Rapportrice Taina Bofferding fënnt et ganz schrecklech, datt d’Personalvertrieder net komm sinn. “Well mir si kee Geriicht, mir si keng Uklobänk. Eis geet et jo drëms, déi Leit ze héieren, hinnen eng Stëmm ze ginn, ze verstoen. A wann déi sech net trauen hei hin ze kommen, dat weist jo wéi schlëmm déi Atmosphär do ass.”

Apropos: Huet PWC just d’Comptabilitéit gemaach, wéi hir Vertriederin den Deputéierten dat Uganks des Mounts sot, oder an d’Personalgestioun agegraff? De Kommissiounspresident Charles Weiler vun der CSV bleift diplomatesch: “Dat wat mer haut gesot kruten, war eppes anescht, wéi dat, wat mer vu PWC héieren hunn.” Wéi d’Kommissioun elo domat ëmgeet, wosst hien direkt no der Reunioun nach net.

D’Deputéiert hunn op jiddwer Fall Maile gesinn, an deenen Drock op d’Personal gemaach gouf, esou d’Djuna Bernard vun déi Gréng. “Wou se da gesot kruten, et ass entweder dat an du ënnerschreifs an du muss bei Caritas demissionéieren an dat hätt een am Fong net missen an do ass scho schrëftlech gesot ginn an deenen Emailen, déi mer gewise kruten: ‘Vogel friss oder stirb’’"

D’Carole Hartmann vun der DP huet sech verséchert, datt déi meescht Elementer aus den alen Aarbechtskontrakter bei Hut iwwerholl goufen. Mä eben net all, wéi zum Beispill d’flexibel Aarbechtszäiten: “Wat se awer wären, wann et en Transfert d’entreprise wär. An dofir ass et eben elo wichteg, datt d’Geriichter tranchéieren.”

D’Geriichter si vun enger Rei Mataarbechter befaasst. Sollt do eraus kommen, datt Hut en Transfert d’entreprise gemaach huet, kënnegt sech neie juristesche Chaos un, well Hut elo Sozialwalen organiséiert an dat bei engem Transfert d’entreprise. De Smail Suljic vum OGBL weist sech do net zefridden, “well mir a sech eng Personaldelegatioun hunn.”

Um Méindeg wosst keen, wien déi Sozialwalen autoriséiert huet. De Charles Weiler konnt net confirméieren, datt säi Parteikolleeg den Aarbechtsminister Georges Mischo dat gemaach hätt. Ma d’Bankegewerkschaft Aleba hätt eng Lëscht opgestallt.

Fir de Marc Baum vun déi Lénk bestätegt d’Ofhale vun de Sozialwalen, datt en Transfert d’Entreprise gemaach gouf, well esou Walen dem Gesetz no just kënnen ofgehale ginn, wann d’Mataarbechter zanter engem Joer an engem Betrib schaffen, wat bei Hut net de Fall ass. Et ass, seet hien “eendeiteg” en Transfert d’entreprise. “An do stellt sech awer och d’Fro vun der Responsabilitéit vun der Regierung, der Responsabilitéit vun der ITM an der Responsabilitéit vum zoustännegen Aarbechtsminister.”

Back to Top
CIM LOGO