E Mëttwoch den Owend zu EschDrogéiert Autosfuererin rennt op der A13 bal an e Policewon

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend ass et op der A13 tëscht Nidderkäerjeng an Esch bal zu engem Accident mat engem Policewon komm.
© RTL-Archiv

Eng Patrull war op der Autobunn ënnerwee an huet ee Won iwwerholl, deen iwwerraschend op d’Iwwerhuelspuer geroden ass a bal mam Policeauto zesummegeknuppt ass. D’Beamte konnten dem Won awer nach auswäichen an hunn en ugehalen. Eng Kontroll huet gewisen, datt net nëmmen d’Autosfuererin, ma och hire Bäifuerer Droge geholl haten. De Bäifuerer war der Police ausserdeem scho signaliséiert ginn.

Bei enger Fouille hunn d’Beamten eng Bull Kokain bei him fonnt. Well d’Polizisten de Verdacht haten, datt de Bäifuerer mat Droge kéint dealen, gouf de Virfall beim Parquet gemellt. Deen huet doropshin ugeuerdent, datt de Mann sollt festgeholl an den Auto saiséiert ginn. Hie koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. D’Autosfuererin krut hire Permis ofgeholl an de Virfall gouf protokolléiert.

E Mëttwoch den Owend gouf an der Rue Heinrich Heine op der Gare dann nach ee presuméierten Drogendealer gepëtzt. De Verdächtege gouf festgeholl an en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht. All d’Géigestänn, déi an Zesummenhang mat der Dot kéinte stoen, goufe saiséiert.

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf dann nach ee presuméierten Drogendealer festgeholl. De Mann war bei enger Zuchkontroll op der Stater Gare opgefall, wou d’Beamten direkt e puer Bulle vu jee 50 Gramm Kokain bei him fonnt hunn. D’Droge goufe saiséiert an de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl. Och hie koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Een drëtte Virfall am Garer Quartier gouf et en Donneschdeg den Owend op der Place de Paris, wou d’Beamten e presuméierten Drogendeal gesinn hunn. D’Keeferin konnt gestallt a kontrolléiert ginn. Bei hir gouf eng kleng Quantitéit Heroin fonnt. Och de presuméierten Drogendealer konnt gepëtzt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hien e Freideg de Moien engem Untersuchungsriichter presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO