
Wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, huet eng Patrull géint 4 Auer moies gemellt, et géif een engem méiglecherweis alkoholiséierte Chauffer an der Rue de Luxembourg zu Esch a Richtung A4 nofueren, dee mat ze héijer Vitess gefuer ass an och d’Steierrad net méi ganz riicht hale konnt.
Op der A4 ukomm, huet d’Police dunn deels Vitesse vu ronn 180 Stonnekilometer registréiert. Op der Héicht vum Bouillon an der Stad konnten d’Beamten de Chauffer du schliisslech stoppen.
Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer net just Cannabis a Kokain intus, ma den Auto war och nach geklaut.
De Schlëssel soll de Chauffer virdrun aus engem aneren Auto, zesumme mat enger Rei Wäertgéigestänn, zu Esch geklaut hunn. Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer festgeholl. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.
Géint 2.10 Auer an der Nuecht op e Samschdeg kruten d’Beamten dann och nach een Auto gemellt, dee mat enger futtisser Felg ënnerwee wier. Een Zeie war dem Auto vu Meechtem aus hannendru gefuer. Zu Wuermer virun enger Rouder Luucht konnt d’Police den Auto du stoppen. Séier huet sech erausgestallt, datt net just eng Felg futti war, mee datt den Auto op der kompletter rietser Säit zerstéiert war a just nach op der Felg gefuer ass.
De Chauffer hat rout Aen an huet no Alkohol gericht, esou datt d’Polizisten een Alkoholtest gemaach hunn. Dëse war dunn och positiv. De Chauffer misst säi Führerschäin ofginn an den Auto gouf ofgeschleeft.
E Samschdeg de Moie kuerz virun 10 Auer ass um Lampertsbierg an der Avenue Pasteur dann och nach ee Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Dat deelt de CGDIS mat.