
Géint 18.30 Auer koum et op der N8 bei Äischen zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an zwee Motorrieder.
Den Automobilist war zu engem Moment op d'Géigespuer geroden an et koum zu enger Kollisioun mat 2 Motorrieder. Nieft dem héije Materialschued, gouf ee vun de Motocycliste schwéier blesséiert.
Den Automobilist huet missen en Alkohol- an en Drogentest maachen. Dëse war positiv op Cannabis.
Kuerz no Hallefnuecht da koum et zu engem Accident zu Déifferdeng tëschent 2 Autoen, hei goufe 6 Persoune liicht blesséiert.
Um 12.40 Auer e Samschdeg de Mëtteg hate sech zwee Autoen an der Soibelkaul zu Diddeleng ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.
E Cyclist hat sech da bei enger Chute wéigedoen. Dat war um 15.45 Auer um Park&Ride Houwald.