Aus dem PolicebulletinDrogekonsum an der Ëffentlechkeet a randaléieren am Café

RTL Lëtzebuerg
Den Donneschdeg de Mëtteg si Polizisten zwou Persounen am Park Gerlache zu Déifferdeng opgefall, wéi si Droge konsuméiert hunn.

D’Beamten hunn déi zwou doropshi kontrolléiert. Bei enger vun hinne gouf eng Tut mat Haschisch an e Kichemesser séchergestallt. D’Messer gouf séchergestallt an d’Droge goufe saiséiert.

Géint 20.30 Auer si Beamte vun der Police dann op en Auto an der Rue Alexis Heck zu Dikrech opmierksam ginn. Dat well d’Gefier an engem schlechten Zoustand war. D’Beamten hunn den Auto fir eng Kontroll ugehalen. Et huet sech erausgestallt, dass d’Pabeieren net an der Rei waren, an dass e Fuerverbuet géint de Chauffer virlouch. Dësen huet ausserdeem zouginn, dass hien en Joint gefëmmt hat, an dass hien nach véier Gramm Haschisch dobäi hätt. D’Droge goufe saiséiert.

Géint 1 Auer e Freidegmoie krut d’Police dann eng alkoholiséiert Fra gemellt, déi sech an engem Café zu Veianen donieft géif behuelen. Well si wéinst hirem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, koum si no enger medezinescher Kontroll an d’Spidol.

Schliisslech krut d’Police an der Nuecht op e Freideg 30 Fäll gemellt, an deenen d’Nuetsrou net respektéiert gouf. An deene meeschte Fäll konnt d’Saach op der Plaz gekläert ginn oder et war schonn nees roueg, ewéi d’Beamten agetraff sinn.

Back to Top
CIM LOGO