Am Garer QuartierDrogendealer a Client erwëscht a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger gréisserer Kontroll si Beamten um Boulevard du Kyiv zu Bouneweg op e verdächtege Mann opmierksam ginn.
© RTL Archivbild

Si hu gesinn, wéi dësen enger anerer Persoun e Pak ginn huet an dofir Sue krut. Well de Verdacht bestanen huet, dass et sech hei ëm en Drogendeal géif handelen, hunn d’Polizisten decidéiert, béid Männer ze kontrolléieren.

De presuméierte Client konnt direkt gestallt ginn an et goufen och 4 Drogepäckelcher bei him fonnt. Hie gouf protokolléiert. De presuméierten Dealer konnt kuerz drop och nach gestallt ginn, bei him goufen 114 Drogeplomben, Boergeld an en Handy séchergestallt. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO