
Wéi d’Police matdeelt, ass e Sonndeg den Owend am Garer Quartier enger Patrull eng Persoun opgefall, déi sech, nodeem si d’Beamte gesinn huet, verdächteg beholl huet. Bei der Kontroll vun der Persoun koum eraus, datt géint dës e Mandat d’arrêt virleie géif. Fir eng Kontroll vum Dokter gouf d’Persoun an de Prisong op den Uerschterhaff bruecht.
Da gouf um Sonndegmoien och am Garer Quartier e presuméierten Drogendealer verhaft. Wéi de Mann d’Beamte gesinn hat, ass hien nervös ginn, dowéinst hunn d’Polizisten decidéiert, hien ze kontrolléieren. Wéi si hien ugeschwat hunn, huet hien e Géigestand ewechgehäit. Wéi d’Beamten dëse kontrolléiert hunn, hu si festgestallt, datt et aacht Kugele Kokain waren. Bei der Iwwerpréiwung koum dann eraus, datt de Mann gesicht gouf. De Parquet gouf informéiert an de Mann verhaft.