Garer Quartier an der StadDrogendealer gouf no Attack géint d'Poliziste festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg war d'Police an der Rue du Fort Wedell op en Dealer opmierksam ginn, well deen engem Zivilbeamten Droge verkafe wollt.

Wéi d’Poliziste probéiert hunn, de Mann ze immobiliséieren, huet dëse sech hefteg gewiert. Dobäi huet hie als éischt probéiert, d’Beamten ze schloen a mat Féiss ze rennen. En huet esouguer no enger Fläsch gegraff, déi zerbrach, an domadder probéiert, op ee Polizist lasszegoen. De Beamte konnt verhënneren, am Gesiicht blesséiert ze ginn, gouf dobäi awer an d’Hand geschnidden. Hie koum dono an d’Spidol.

Eréischt nodeem den Dealer d’Handschellen unhat, huet hien d’Fläsch, déi hien als Waff genotzt hat, lassgelooss. Beim Mann konnte véier Bullen Droge séchergestallt a saiséiert ginn.

De Parquet huet de Mann verhafte gelooss an hie koum nach de selwechten Owend virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO