An engem Zuch a Richtung StadDrogendealer mat 43 Bulle Kokain gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt, ass e Méindeg e presuméierten Drogendealer mat Hëllef vun der franséischer Police festgeholl ginn.

De Mann ass an engem Zuch a Richtung Stad gepëtzt ginn, hien hat 43 Bulle Kokain dobäi. Bei him goufen ausserdeem en Handy a Boergeld fonnt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Och eng Ënnersichung an engem Scanner ass positiv verlaf.

Back to Top
CIM LOGO