
En Donneschdeg den Owend huet eng Policepatrull géint 19 Auer ee Mann erbléckst, dee sech suspekt beholl huet, wou hien eng aner Policepatrull op der Héicht vun der Place Hôtel de Ville gesinn huet.
Wou d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, ass hinnen opgefall, datt hien opfälleg geschléckt huet. Bei enger Kierperduerchsichung hunn d’Polizisten dunn Drogeplomben, Boergeld an een Telefon bei him séchergestallt. D’Beamten haten de Verdacht, datt de Mann nach weider Drogeplombe kéint ofgeschléckt hunn, esou datt si ee Kierperscan vum Mann gemaach hunn. Deen ass dunn och positiv verlaf, wéi d’Police e Freideg mellt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf der Police géint 2 Auer dann och nach een Abroch an der Avenue Emile Reuter an der Stad gemellt. No de Verdächtege gouf gesicht an dräi presuméiert Täter konnte kuerz drop gestallt ginn. Déi dräi Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an dem Untersuchungsriichter presentéiert. D’Wäertgéigestänn, déi si bei sech haten, goufe saiséiert.