
Dat wéinst internationalem Handel mat Kokain an engem besonnesch grave Fall. D’Täter haten d’Drogen an Dallen aus Bëtong verstoppt, déi aus Lëtzebuerg koumen. Dës Dalle mat der illegaler Wuer sollten da weider a Groussbritannien geliwwert ginn.
An an engem Depot zu Arel bei der N4, also direkt un der Grenz zu Lëtzebuerg, waren Enn November 2022 ganzer 115 Kilo Kokain saiséiert ginn. De Wäert vun den Droge louch deemools bei ronn 11.500.000 Euro. Op dës Aart a Weis goufen 103 Päck mat engem Gewiicht vun iwwer engem Kilo fonnt. Dealer konnten duerch eng Zesummenaarbecht tëscht de Policen a Justizautoritéiten aus der Belsch a vu Lëtzebuerg an deem Joer gepëtzt ginn.

Heibäi huet et sech, wéi sou dacks, ëm e ganze Reseau gedréit, sou dass et Perquisitiounen an der Belsch, Holland, Serbien an och zu Lëtzebuerg goufen. Dat huet de Parquet en Dënschdeg matgedeelt.