D’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill op der Stater Gare hätte sech verbessert, ma et wier verständlech, wann d’Leit sech gestéiert fillen duerch Persounen, déi op der Strooss Droge consomméieren, esou den Inneminister Léon Gloden am RTL-Interview. Besonnesch ronderëm Schoule géifen d’Leit sensibel dorobber reagéieren. Fir deem entgéintzewierke sollen elo konkret Pläng ausgeschafft ginn.
„Ech hunn den Optrag och kritt vum Premier, fir elo zesumme mat der Gesondheetsministesch, mat der Justizministesch a mam Familljeminister a mat der Madamm Buergermeeschtesch zesummen ze kommen, fir eng Rei Iddien auszeschaffen an datt mer dann natierlech och mat de Leit zesummekommen, fir déi Iddien duerch ze diskutéieren an och vläicht hir Iddien, wa si nach nei Iddien hunn, fir déi mat op deen Dësch do ze huelen.“
Zousätzlech soll d’Zuel vun de Patrullen nach eng Kéier eropgesat ginn, wärend weider Efforte gemaach ginn, fir den Drogenhandel un der Wuerzel ze paken, esou nach de Léon Gloden.