Testphas zu Lëtzebuerg leeftDronen als Transportmëttel am Gesondheetsberäich, fir wann et séier goe muss

Jeannot Ries
Den Ament leeft hei zu Lëtzebuerg eng Testphas, fir Medikamenter, Analysen oder spéider souguer Organer via Dronen ze transportéieren.
Dronen als Transportmëttel am Gesondheetsberäich, fir wann et séier goen
Dem Ament leeft hei zu Lëtzebuerg eng Testphas fir Medikamenter, Analysen oder spéider souguer Organer via Dronen ze transportéieren.

Et ass eng Zesummenaarbecht vu Luxembourg Air Ambulance, Laboratoires Réunis, Santé Services an der Post.
7.30 Auer moies. Déi ronn 20 Kilo schwéier Dron, mat ëmmerhin eng Spanwäit vun 2,70 Meter, hieft vum Dach vun den Hôpitaux Robert Schumann um Kierchbierg of. Um Programm steet den éischten Testvol vum Dag. 10 Minutten, Direktioun Jonglënster, bei d’Zentral vun de Laboratoires Réunis.

“Le marché du drone est un marché à fort potentiel. Mais il y a encore beaucoup de contraintes pour pouvoir prévoir une exploitation commerciale. Et la viabilité économique passe certainement, c’est sûr, par avoir plusieurs routes, plusieurs drones et surtout permettre à des pilotes de drones de pouvoir en toute sécurité, en simultané, opérer plusieurs drones en même temps”, sou de Generaldirekter adjoint vu Luxembourg Air Ambulance, Jérôme Pin.

Ee Joer Virberéedungszäit

No praktesch engem Joer hannert dem Schreifdësch, fir all déi néideg Autorisatiounen zesummenzekréien, den idealen Typ un Dron auszesichen, d’Piloten auszebilden, d’Date vun der éischter Stréck ze programméieren, ass et sou wäit. Den ''Eiger’’ vum Schwäizer Constructeur Rigitech, flitt am Lëtzebuerger Himmel.

De Pilot Frédéric Gaillard erkläert: “Le drone va suivre une route qui est préenregistrée. Donc avec l’ordinateur portable, on va suivre cette route. Cette route est dans un espace aérien, un couloir aérien, qu’on appelle une Géocage. Et à chaque fois qu’on fait décoller le drone, on est en communication constante avec la tour de contrôle de l’aéroport, avec les opérations de Luxembourg Air Rescue, mais également avec les hélicoptères d’Air Rescue. Le drone vole à une altitude de 120 métres et il vole à une vitesse de 30 m /s qui correspond à plus de 100 Kilométres par heure.”

Zu Jonglënster, bei de Laboratoires Réunis ass e bereet, op nei, innovativ Iddien opzebauen. Den Asaz vun Drone géif net nëmmen, jee no Trajet e substanziellen Zäitgewënn mat sech bréngen. Et kéint een och méi ëmweltfrëndlech schaffen. Den Ament sinn all Dag 20 Chauffeure mat Camionnetten ënnerwee, fir d’Echantillonen an deene ronn 60 Zenteren anzesammelen a fir d’Analysen op Jonglënster ze bréngen.

“Der Verkehr in Luxemburg wird natürlich seit Jaren mehr und dei Strassen sind überlastet. Die Drone ist eine Möglichkeit, für uns einen aneren Weg zu finden, um Proben zu transportieren. Den Verkehr zu entlasten und auch im Sinne vom CO2 -Ausstoss nachhaltig zu denken”, sou de Markus Recht, Chief Operating Officer Laboratoires Réunis.

Problemer fir de ganzen Territoire vum Land mat der Dron ofzedecken, ginn et keng.

Den “Eiger” kann 100 Kilometer wäit fléien. Den Haapt-Challenge, deen elo usteet, ass ënnert dem Lead vun der Direktioun fir zovil Loftfaart, weider Flugroutte festzeleen an och méi wéi zwee Mol d’Woch moies fléien ze dierfen.

“Environ huit vols par semaine et dans des créneaux horaires de 7h à 9h30. Donc vous imaginez que pour pouvoir avoir une exploitation un petit peu plus commerciale à l ‘avenir, il faudrait pouvoir étendre ces créneaux horaires”, sou de Jérôme Pin vu Luxembourg Air Ambulance.

1989 waren et nach d’Helikopter, haut ass d’Air Rescue ënnert de Pionéier hei am Land, wat d’Dronen ubelaangt. Déi nächst Méint wäerten entscheeden, ob kommerziell Aktivitéiten an deem Beräich liewensfäeg sinn, oder net.

Nei Dron vun der Air Rescue
Dem Ament leeft hei zu Lëtzebuerg eng Testphas fir Medikamenter, Analysen oder spéider souguer Organer via Dronen ze transportéieren.

Back to Top
CIM LOGO