Statec EtüdD'Salairen, fir zu de Räichsten zu Lëtzebuerg ze gehéieren

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet rezent Zuelen erausginn, wéi héich de Salaire ass, deen déi manner räich zu Lëtzebuerg vun deene Räichsten am Land trennt.
© Envato

An der Etüd huet sech de Statec mat den Iessgewunnechte vun de Lëtzebuerger Residentë beschäftegt. E Konsum, dee wuel mat Akommes zesummenhänkt: Wat d’Akommes méi niddreg ass, wat d’Awunner manner a Restauranten, Caféen oder an der Aarbechtskantin consomméieren. Dogéint gräife si méi dacks op Schoulkantin an op geliwwert oder Platen, fir mat ze huelen zréck.

D’Etüd erméiglecht virun allem eng Opdeelung vun der Bevëlkerung a fënnef grouss Gruppen, déi jeeweils 20% vun der Bevëlkerung ausmaachen. Zum éischte Grupp gehéieren, déi Residenten, déi am mannste verdéngen. Dem Statec no sinn dat Leit, déi de Mount en Akommes pro Persoun am Stot vu manner wéi 2.810 Euro zur Verfügung hunn.

Am zweete Grupp si Leit, déi tëscht 2.810 an 3.626 Euro de Mount zur Verfügung hunn. Am drëtte sinn et tëscht 3.626 a 4.729 Euro de Mount, fir auszeginn an ze spueren. An am véierten tëscht 4.729 a 6.231 Euro.

Zum fënnefte Grupp gehéiere Leit, déi méi wéi 6.231 Euro de Mount verdéngen, wat 2,2 Mol méi wéi d’Akommensgrenz vum éischte Grupp ass.

Méi Detailer fannt Dir am Artikel vun RTL Infos.

Bei eise Kolleege vum RTL Infos kënnt Dir ausserdeem den Test maachen, wou Dir am Klassement vun de Salairen zu Lëtzebuerg leit.

Back to Top
CIM LOGO