
D‘Schoulpersonal wier un der Limitt, seet d‘Enseignantsgewerkschaft Syndicat National des Enseignants (SNE/CGFP) an hirer Aktioun “Stop”, bei där an den nächste véier Woche wäert all Woch en aneren Autocollant an d‘Schoule geschéckt ginn. Aner Message wäerte sinn: „Stop, d‘Inclusioun huet hir Grenzen“, „Stop, eis Gesondheet steet um Spill“ a „Stopp mam administrative Waasserkapp“.
Et wier eng Aktioun, nodeems d‘Gewerkschaft dem DP-Educatiounsminister hire Cahier des charges presentéiert huet. Elo géing een op eng Reaktioun waarden. „Fakt ass nämlech, dass mir sou wéi bis elo net viru fuere kënnen. Et geet wierklech duer. Mir brauchen dringend Ännerungen, wäitreechend a couragéiert Reformen am Interêt vum Enseignant a vum Kand. An d‘Léierpersonal erwaart sech schnellstméiglecht Léisungen a Verbesserunge vu Säite vum Ministère“, sou de President vum SNE Patrick Remakel op engem Point Presse zu Bouneweg. Wéi et mat der Aktioun weidergeet, géing elo vum Minister ofhänken.

Nächst Woch wäert dann och vun en Dënschdeg bis en Donneschdeg (08. bis 10. Oktober) d‘LuxDidac am Centre culturel zu Bouneweg sinn. Heibäi stelle ronn 20 national an international Exposanten didaktescht Léiermaterial fir de Fondamental an de Secondaire aus. Organiséiert gëtt d‘LuxDidac vun der Feduse Enseignement an dem SNE. D‘Formatiounen an d‘Konferenz stinn ënnert dem Sujet vun der Santé mentale an dem Bien être vum Enseignant.