An dat an engem Secteur, deen ëm déi 9.000 Betriber a ronn 100.000 Salariéen ausmécht. Dat ergëtt eng Ëmfro, déi d’Chambre des Métiers bei hire Membere gemaach huet.
“Do ass eng grouss Majoritéit vu Chefs d’Entreprises, déi dovunner ausginn, dass de Chiffre d’Affaire erofgeet respektiv stagnéiert. 44 Prozent vun de Betriber hu grouss Suergen, wat hir Rentabilitéit ubelaangt. Ee vu véier Patrone gëtt an der Enquête un, dass se net ausschléissen, dass se sech vu Mataarbechter mussen trennen, villäicht Départs en Retraite, déi net ersat ginn. Also konjunkturell a kuerzfristeg gesäit d’Situatioun net gutt aus”, esou de Generaldirekter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion.
Een Accent, op deen d’Handwierk setze wëll, ass d’Nohaltegkeet. Besonnesch déi gréisser Handwierksbetriber gesinn do ee grousst Potential, och wann den Interêt beim Client nach Sputt no uewen huet.
“Wat nach e bësse feelt, ass d’Demande vun de Leit fir nohalteg Déngschtleeschtungen a Produiten. Mä och dat wäert no an no kommen. An dann huet d’Handwierk, wa se sech gutt opstellen - an dat si se am gaangen ze maachen - och Perspektive fir eng positiv Entwécklung”
Vum Wirtschaftsminister Lex Delles war et de Message, dass een d’Handwierk weider begleede wäert, besonnesch am Kader vun der “transition énergétique” vum Land. Eng Prioritéit vun der Regierung sinn d’Zônes d’activité, fir dass nei Betriber eng Plaz fannen an existent Firme kënne wuessen.
“En zweete Volet ass d’Densificatioun vun deenen Zonen. Mir hunn dacks Zonen, wou just ee Stack oder zwee Stäck erlaabt sinn. Dofir ass et eng vun de Prioritéiten, wou mer elo schonn ee Pilotprojet lancéiert hunn, fir dass mir net méi Terrain brauchen, mä dass mer den Terrain, dee souwisou scho versigelt ass, besser kënnen notzen.”
De Wirtschaftsminister ass och gudder Déng, dass d’Gemenge mat op dee Wee ginn.