Mënschen a Nout hëllefe bedeit fir Médecins sans frontières net just Ekippe fir medezinesch Versuergung a Krisegebidder schécken, oder Impfcampagnen an entleene Géigende bréngen, mee et bedeit och d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren a Mëssstänn uechtert Welt kloer an däitlech ze denoncéieren.
An de70er Jore war dat d’Hongersnout am Biafra, haut ass et d’Aart a Weis, wéi de Krich an der Gazasträif gefouert gëtt, oder déi vill Flüchtlingen, déi am Mëttelmier erdrénken.
Dat wier kee Widdersproch mat dem anere Grondprinzip vun der politescher Neutralitéit, esou déi nei Presidentin vun MSF Lëtzebuerg, Dr Engy Ali. MSF géif all Mënsch an Nout hëllefen, egal wien et ass, an och keng politesch Partie huelen, mee net zécken, politesch Aussoen ze maachen als Zeievun deenen, déi leiden.
Dr Ali ass virun 12 Joer als Doktesch fir MSF Lëtzebuerg an de Grand-Duché komm. Ewell schafft si an der Direktioun vun der Santé an zanter leschter Woch ass si déi nei Presidentin vun MSF Lëtzebuerg.
D’Zuel u Krisen hëlt zou. Et ginn ëmmer méi Naturkatastrophen, och duerch de Klimawandel, an ëmmer méi Kricher, an deenen elementar Reegelen net méi agehale ginn. Ganz gezielt ginn ewell Spideeler oder humanitär Konvoie bombardéiert. Et wier kloer haut méi geféierlech fir hir Ekippen, mee ëmsou méi wichteg wier et, sech weider z’engagéieren.
Am schlëmmste wiere Situatioune wéi an der Gazasträif, wou d’Doktere vun MSF wéi am Mëttelalter misste schaffen, wëll se kee Material era brénge kënnen. Si hätten emol net genuch Verbänn a Medikamenter. Esou eng Situatioun hätt MSF bis elo an all de Joren humanitärem Asaz nach net erlieft, esou déi nei Presidentin.
De kompletten Interview kënnt Dir hei kucken: