Sécherheet zu EttelbréckD'Situatioun hätt sech an deene leschte Méint verbessert

Marc Hoscheid
Anne Wolff
Ass d'Sécherheetssituatioun an Deeler vun Ettelbréck schlecht? Déi Fro gouf an deene leschte Wochen a Méint méi wéi eng Kéier medial thematiséiert.
Ass d'Sécherheetssituatioun an Deeler vun Ettelbréck schlecht?
D’Situatioun hätt sech an deene leschte Méint verbessert.

Am Fokus stoungen dobäi virun allem d’Foussgängerzone an de Garer Quartier. De Marc Hoscheid war sech fir eis op Ettelbréck ee Bild maachen.

Sécherheet zu Ettelbréck - Reportage Marc Hoscheid

An engem Café schif vis-à-vis vun der Gare sëtzt ee Mann um Comptoir. Wéi en d’Kamera vun de Kolleege vun der Tëlee duerch déi oppen Dier gesäit, freet e sech a wénkt eis erbäi. Sou dacks kommen déi vun RTL jo och rëm net mat de Mikroe laanscht. Hien ass hei Stammclient an ugeschwat op d’Diskussioune ronderëm d’Sécherheet am Quartier, huet de Sylvain eng kloer Meenung.

“Also ok, et si mol Freideger oder Samschdeger, do si Leit hei, déi jäize bëssi haart, mee soss awer näischt. Ech gesi keng Ursaach, fir datt d’Leit soen, et wier geféierlech.”

Hie wier ëmmer am Rollstull ënnerwee an nach ni belästegt ginn. Ganz am Géigendeel, him géing et gutt op der Ettelbrécker Gare gefalen. Bëssi anescht gesäit d’Bild dann aus, wann ee mam Patron vun engem Café schwätzt, deen net mat sengem Numm genannt wëllt ginn.

“On a ici perdu beaucoup de Clients, beaucoup de touristes, parce qu’ils pensaient il n’y a pas assez de sécurité. Un autre problème, qu’on a beaucoup déclaré chez la commune aussi, c’est que beaucoup de personnes pissaient dans l’entrée. C’est une raison, pour laquelle c’est difficile à trouver des locataires. Et ça fait déjà une année.”

Eng Partie Patrone vu Caféen oder Restaurante wëllen iwwerdeems näischt soen. Si wierken deels ageschüchtert. Wat een awer méi dacks héiert ass, datt d’Situatioun an deene leschten 2-3 Méint besser ginn ass. Dat gesäit och den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen esou. Dat géing och un der Policepresenz leien.

“Also mir schwätze ganz vill mat der Police, wann iergendwou Saache sinn. Et ass jo och ugeduecht, datt Ettelbréck am Laf vun deenen nächste Méint, dat dauert natierlech nach e bëssi, ee Policekommissariat à trois roulements kritt, dat heescht, dat permanent besat wier, siwen Deeg op siwen. Wat mir natierlech als Gemengeresponsabel begréissen, well eng Policepresenz fir de repressive Volet einfach wichteg ass.”

An effektiv gesäit een ëmmer nees Policecamionnetten iwwert d’Gare fueren. Och wann de Sylvain déi massiv Policepresenz fir zimmlech iwwerdriwwen hält.

Back to Top
CIM LOGO