
Mat enger Etüd wëll ee sech en Iwwerbléck vun der Situatioun verschafen, en vue vun eventuelle Mesuren. Dem Statec no sote beim leschte Recensement 94.000 Persoune vu sech selwer, datt si eng Behënnerung hunn. En enorme Chiffer, sou de Kommentar vum Aarbechtsminister Georges Mischo.
“D‘Besoine si ganz ënnerschiddlech an et brauch eng transversal Äntwert vun der Politik.” E wichtege Facteur wier et, Deel vun der Aarbechtswelt ze sinn. “Eng Aarbecht ass hautdesdaags de wesentleche Schlëssel fir eng gesellschaftlech Participatioun an eng Inclusioun.”
Dofir wollt een an enger éischter Etapp elo emol dat néidegt Zuelematerial zesummefaassen. Fir de Statut vum “Salarié handicapé” muss eng Kommissioun eng Aarbechtsincapacitéit vun op d‘mannst 30% constatéieren. Gutt 6.000 Residenten hunn dee Statut, also däitlech manner wéi 94.000. Mat de Frontaliere klëmmt d‘Zuel op iwwer 7.200. Knapp 2/3 vun de Salariéë mat Handicap si männlech, méi wéi d‘Hallschent huet méi ewéi 45 Joer.
“Ee Véierel vun de Leit sinn an engem Atelier protégé”, seet d‘Mireille Zanardelli vun der IGSS, wëssenschaftlech Responsabel vum Projet. Och de Staat géing als Employeur keng onwichteg Roll spillen. 30% vun de Leit si bei der Adem ageschriwwen an all Zéngte schafft net a sicht och net no Aarbecht.
Een Drëttel vun de Persoune mat Statut leit ënnert enger chronescher Krankheet, bei engem Véierel ass et e psycheschen Hannergrond a bei 18% gëtt et e physeschen Handicap. 95% vun de Concernéierten hunn e onbefriste Kontrakt a knapp 70% schaffe Vollzäit. Ënner anerem dës Zuele ginn um Rousegäertchen op den Dësch geluecht.
“Bei den Analysen, déi elo wäerte gemaach ginn, soll ënner anerem d’Qualitéit vun den Aarbechtsplaze gekuckt ginn. Och wa 60% an der Aarbecht sinn, muss ee kucken, ob dës Aarbechten net prekär a manner gutt bezuelt sinn.”
Och d‘Moossnamen en faveur vun de Salariéë mat Handicap sollen ënnert d‘Lupp geholl ginn. Ënnert anerem soll gekuckt ginn, ob op dës zeréckgegraff gëtt an ob se effikass sinn.
Den Amsal Redzepovic gehéiert zu den 39% vun den “salariés handicapés”, déi zu Lëtzebuerg am Privatsecteur schaffen.
Présentation de l’étude sur les salariés handicapés au Luxembourg (17.06.2024)
Communiqué par : ministère du Travail
En date du 17 juin 2024, le ministre du Travail, Georges Mischo, a donné une conférence de presse sur les salariés handicapés au Luxembourg.
Le handicap est un sujet essentiel, inscrit à l’agenda politique du gouvernement. La problématique du handicap est vaste et concerne une population nombreuse et hétérogène, notamment par la nature du handicap et par sa gravité.
En mars 2024, le Statec a établi à partir du recensement de la population que près d’une personne sur sept se sentait en situation de handicap au Luxembourg, soit environ 94.000 personnes. Les besoins auxquels font face les personnes en situation de handicap sont très différents et nécessitent une action transversale du gouvernement impliquant plusieurs ministères. Pour sa part, le ministère du Travail est en charge du handicap dès lors que le handicap reste compatible avec une insertion et un maintien sur le marché du travail.
C’est dans cette perspective, que depuis 2003, une personne en situation de handicap peut demander la reconnaissance du statut de salarié handicapé. Bénéficient de ce statut, les personnes qui présentent une diminution de leur capacité de travail d’au moins 30%. Le statut peut leur permettre de bénéficier de mesures pouvant les aider à accéder et à se maintenir en emploi. Pour une partie des salariés handicapés, le ministère du Travail finance et soutient également l’action des ateliers protégés.
Le ministère du Travail a lancé un programme de travail ambitieux destiné à mieux connaitre la population des salariés handicapés. Les questions qui seront soulevées sont les suivantes: Combien sont-ils? Qui sont- ils? Quelles sont leurs chances de maintien sur le marché du travail? Les mesures d’adaptation de leurs conditions de travail contribuent-elles à améliorer leur situation professionnelle? Combien sont-ils in fine à basculer vers des situations reflétant une aggravation de leur handicap telles que l’invalidité ou le revenu pour adulte gravement handicapé?
Ce programme de travail donnera lieu à plusieurs publications traitant des différentes questions indiquées ci-dessus. Les résultats obtenus permettront de développer un tableau de bord sur les salariés handicapés. Ce tableau de bord offrira au ministère du Travail un outil de monitoring performant et qui permettra de suivre les effets des mesures qui pourront être prises pour améliorer la situation des salariés handicapés.