GemengewalenD'Stad Lëtzebuerg braucht kee "weider esou", esou déi Gréng

Jean-Marc Sturm
Mam Slogan "Zäit fir frësche Wand an onser Stad" ginn déi Gréng e Sonnden an d'Course ëm de Knuedler.
© Déi Gréng Stad

Et gesäit ee sech als Garant fir sécher ze Fouss a mam Vëlo duerch d’Stad ze kommen. Dozou gehéiert och manner Duerchgangsverkéier, méi ëffentlechen Transport an d’Promotioun vun der Elektromobilitéit.

Aner Prioritéite viséiere méi Gréngs am ëffentleche Raum, bezuelbare Wunnraum, méi lokalen Handel oder nach eng sécher Haaptstad, déi no beim Bierger ass, deen dann och méi mat agebonne soll ginn.

Fir d’Co-Spëtzekandidatin Claudie Reyland ass d’Wal e Sonnden eng Richtungswal:

“Entweder et geet weider wéi bis elo, ouni proaktiv Projet’en, ouni innovativ Projeten, oder, wat mir proposéieren a garantéieren, eng politesch Erneierung. Als Juniorpartner an der virleschter Legislaturperiod hu mir ganz vill erreecht. Elo wëlle mir proaktiv gestalten, amplaz wéi bis elo just ze verwalten.”

Deklaréiert Zil ass et, de Buergermeeschter ze stellen. D’Leit an der Stad wiere prett fir dee Wiessel.

PDF: Schreiwes déi gréng Stad (FR)

Back to Top
CIM LOGO