Op den 31. Dezember zejoertD'Stad Lëtzebuerg zielt 136.208 Awunner

Claudia Kollwelter
136.208 Awunner huet d'Stad Lëtzebuerg op den 31. Dezember 2024 gezielt. E Plus vu bal 1.500 par Rapport zum Joer virdrun.
© Dider Weber / RTL Archiv

Dee Chiffer gouf en Dënschdeg de Moien um éischte Stater CityBreakfast vum Joer genannt, op deem traditionell d’Zuele presentéiert ginn, wat ënnert anerem d’Awunner, d’Gebuerten oder och nach d’Doudesfäll ugeet. Ronn 30 % vun den Awunner vun der Stad si Lëtzebuerger, 70 % hunn eng aner Nationalitéit. D’Lëtzebuerger maachen awer mat iwwer 40 000 Leit nach ëmmer déi gréisste Communautéit aus. Derhannert kommen d’Fransousen an dann d’Portugisen.

Um CityBreakfast goufen donieft puer Changementer annoncéiert:

De Pedibus, dee Kanner an d’Schoule féiert, gëtt ausgebaut mat 6 zousätzleche Linnen. Zwou dovunner wäerten um Kierchbierg a véier um Lampertsbierg fueren. D’Stad Lëtzebuerg sicht an deem Kader och no interesséierte Leit, fir d’Kanner an deene Busser ze begleeden. Weider Informatioune fënnt een ënner pedibus.vdl.lu.

Zanter dem 1. Januar ass d’Stad Lëtzebuerg en Charge vum Service “Repas sur Roues”. Leit iwwer 65 Joer oder Leit, déi duerch gesondheetlech Ëmstänn net mobil sinn, kënne vun dësem Liwwerdéngscht profitéieren a fir 15 Euro pro Moolzecht Iessen heem geliwwert kréien. An der éischter Woch Januar goufen 145 dëser Moolzechte pro Dag ausgeliwwert an eng ronn 190 Clientë sinn aktuell fir de Service ugemellt.

Umelle muss ee sech dann och neierdéngs, wann een d’Zäitschrëft “Ons Stad” weider wëll heemgeschéckt kréien. Bis ewell ass dës zwee Mol am Joer gratis un all d’Stéit an der Stad Lëtzebuerg verschéckt ginn. Fir Verschwendung ze evitéieren, sollen déi Interesséiert sech via de Site abo4onsstad.vdl.lu aschreiwen an da kréie se d’Zäitschrëft och weider fir näischt an d’Boîte.

Back to Top
CIM LOGO