
An den Nopeschlänner ginn et och dës Taxen, mee se si méi héich wéi hei am Land.
Dës Prezisioun gëtt d’Santésministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement, dee sech iwwert de Konsum vum Tubak hei am Land renseignéiert hat mam Bléck, abënns op d’Produite vun der neier Generatioun wéi Puffs oder SNUS.
Wéi d’Ministesch schreift, wäerten och all Tubaksproduiten, déi der neier Generatioun ugehéieren, vum neien “Nationalen Antitubaks-Programm” viséiert ginn.