FinanzministèreD'Stella Huber gëtt nei Directrice vum Enregistrement

RTL Lëtzebuerg
Si ass en Donneschdeg vum Regierungsrot op den 1. Oktober nominéiert ginn an iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Romain Heinen.
© Jeannot Ries

Dem Romain Heinen säi Mandat wier u sech nach bis 2027 gelaf. Hien hat selwer awer déi lescht Regierung gefrot, fir méi fréi ze goen. Seng Demande gouf vum neie Finanzminister Gilles Roth accordéiert.

De Romain Heinen stoung zanter 2006 un der Spëtzt vum Enregistrement an hat an der Walcampagne op Nofro dem deemolegen CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden sengen Aussoen iwwert eng méiglech Baisse vun der TVA-Logement widdersprach.

D’Stella Huber war bis elo Chef vum Service fir d’Taxe d’abonnement bei der Administration de l’Enregistrement, des domaines et de la TVA.

D’Schreiwes vum Finanzministère:

Stella Huber nommée comme nouvelle directrice de l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA (04.09.2024)

Communiqué par : ministère des Finances

En date du 4 septembre 2024, le Conseil de gouvernement a nommé Stella Huber comme directrice de l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA, avec effet au 1er octobre 2024.

Back to Top
CIM LOGO